Den 14. Januar war eis Generalversammlung vun de Joeren 2019, 2020 an 2021.
Bei dëser Geleegenheet hu mir vun der Groussbusser a Wahler Musik jeweils ee Scheck vun 1000€ un de Centre de Promesse Mäerzeg vum Télévie iwwerreecht.
Merci dem Mireille fir d'Foto.
No engem Joer Paus si mir frou Iech de Samschde 5. Februar op eisen traditionelle Micky Maus Bal mam Orchester EverDance op Groussbus an de Festsall ze invitéieren. De Bal fënnt ënnert dem 2G+ statt an ass begrenzt op 200 Leit.