Geschicht vun der Groussbusser Musek

Geschicht vun der Groussbusser Musek aus der Brochür 160 Joer Groussbusser Musek

Si dir nach interesséiert un enger Broschür da mellt Iech bei engem vum Kommitee

D’Groussbusser Musek huet an hirer 160järeger Geschicht vill Héichten an Déiften erlieft. Et fänkt u mat der Grënnungsversammlung, de 15. Juni 1856. Komescherweis war et am Ufank e Kierchegesank a keng Musek.

Den 1. Comité 1856:
President: Jean-Claude Hemes
Sekretär: Johann Dahlem
Tresorier: Karl Weis
Memberen: Nikolaus Beck a Johann Eyschen

Harmonie a Chouer
Den 8. Februar 1860 ass aus dem Gesangveräin eng Musek mat Gesank ginn. Ee Joer laang hunn nach e puer Leit an der Musek matgesongen, ier d’Musek an de Gesank sech getrennt, an zwéi verschidde Veräiner gemeet hunn.
1864 ass den éischte Fändel ugeschaaft ginn, do huet all Musikant säint derzou bäigeluecht. Comité 1862President: Charles Weis
Vizepresident: Nicolas Rettinger Sekretär: Martin KriepsTresorier: Charles Beaufils Memberen: Jean-Pierre Biver
Johann Krier 

Déi 1. Kris 
1868 war den éischte Buttek do, an d’Musek sollt opgeléist ginn. De 26. Januar war eng ausseruerdentlech Versammlung,wou de President Jean-Claude Hemes jidderee perséinlech gefrot huet, ob en nach géif matmaachen, oder ob de Veräin sollt opgeléist ginn.
12 Leit wollte weidermaachen, 5 waren der dergéint. Et ass also weidergaangen.
E puer Joer ass mat Defizit geschafft ginn, an de 9. Januar 1876 ass d’Musek opgeléist ginn. Awer schonn 8 Deeg drop war se erëm opde Been, jiddereen huet eppes bäigesteiert an et ass weidergaangen.
An engems ass en neie Fändel ugeschaaft ginn.

Comité 1872
President: Pierre Hemes
Éierepresident: Martin Krieps
Sekretär: Nicolas Majerus
Tresorier: Anton Biver
Kommissär: Anton Majerus
Memberen: Jean-Pierre Schleich, Nicolas Linckels a Jean-Claude Hemes.

Fanfare Groussbus
1885 ginn d’Statuten eng weider Kéier ugepasst, an de Veräin ännert säin Numm. Vun elo un heescht en ,,Fanfaren von Grosbous“. Dat geschitt ënnert engem neie Comité.
Vun 1880-1894 ass de Jean Mergen fils Dirigent, en ass och Sekretär, da Keessier, duerno Vizepresident a schliesslech President vun 1888-1891.

Déi 2. Kris
Den 29. Mee 1894 gëtt an enger ausseruerdentlecher Sëtzung beschloss, de Veräin opzeléisen. Den 3. Juni 1894 sinn der erëm 13 vun deenen déi opgehalen haten zesummekomm, fir mam neie President Jean Beck-Tibesart a mam neien Dirigent Henri François weiderzemaachen. Du waren eng Zäit zwou Museken am Duerf.

Comité 1885
President: Nicolas Eyschen
Vizepresident: Jean Beck
Sekretär: Jean Mergen
Tresorier: Nicolas Majerus
Kommissär: Anton Majerus, Jean-Pierre Majerus, Théodore Metz

En neie Fändel
1899 kritt d’Musek deen 3. neie Fändel, deen ale war vun 1876.

Den éischten Theater
1892 ass den éischten Theater gespillt ginn, fir e puer Su eranzekréien. D‘Virstellunge waren an engem Schoulsall, a mat vill Opwand verbonnen. Et gëtt elo all 2. oder 3. Joer Theater gespillt.

De Jean Mergen alias Beck vu Bous
1898 gëtt de Jean Mergen fir d’zweet Dirigent bis 1915.

De Veräinsbau
1907 war de Veräinsbau fäerdeg, et ass eng Bühn opgeriicht ginn, an d’Musek hat e feste Proufsall. Et ass erëm 3 Mol Theater gespillt ginn.
Tëschent 1910 an 1912 si keng Aktivitéiten vermierkt, 1914 an 1915 am Ufank vum 1. Weltkrich och net, awer 1916 geet et weider mat engem neie President, Emile Biver, engem neien Dirigent J.Baptiste François, an engem neie Fändel, deem 4. an der Kollektioun.

D’Zwanzeger an drësseger Joren
D’Zwanzeger Jore verlafe roueg, den Alphonse Glaesener bleift President vun 1921 bis 1933, de Léopold Mergen Dirigent vun 1925 bis 1939. 1934 gëtt de Jos Wallenborn President, 1935 bis 1938 den Ëtchen Winandy, deen sech och als Regisseur jorelaang ëm den Theater bekëmmert.

De 75. Gebuertsdag
Den 27. 28. an 29. Juli 1935 konnt d’Musek hire 75. Gebuertsdag mam 5. Fändel feieren. Déi 75 Joer si vun 1860 u gerechent ginn. Et ware 27 Männer an der Musek.

Comité 1935
President: Ëtchen Winandy
Vizepresident: Jos Wallenborn
Sekretär: Eugène Pletschette
Tresorier: Jos Elsen
Memberen: Alphonse Lies, Mathias Neises a Jemp Lieffrig
Dirigent: Léopold Mergen

Den 2. Weltkrich
Den 1. November 1939 huet den Dirigent Léopold Mergen demissionnéiert, an de Jean Schmit vu Kayl ass als neien Dirigent engagéiert ginn. Den 10. Mee 1940 sinn d‘Preise komm. Am Musekssall ass eng Feldkichen an e Lazarett ageriicht ginn. De
15. August ass d‘Musek nach mat der Prëssioun gaangen, duerno war et eriwwer.
Den Ortsgruppenleiter Viktor Schaus wollt d‘Musek ëmschoulen, ma fir deem aus dem Wee ze goen, ass an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vum 2. Dezember 1940 am Schoulsall beschloss ginn, d‘Musek opzeléisen. Duerno ass d’Verméige vun de Preise beschlagnahmt ginn.

Dekoréierte Chrëschtbeemchen 1940
Am Dezember 1940 huet d’Fanfare aus Protest opgehal. Fir Chrëschtdag gouf e Chrëschtbeemche vun de Preise bei der Kierch opgeriicht. E puer couragéiert Leit aus dem Duerf hunn du Lëtzebuerger Fändelen, an e Schëld mat „Vive Charlotte“ op dee Beemche gehaang.
Natierlech huet dat dem Ortsgruppenleiter net gefall. En huet déi aus der Musek verdächtegt, an d’Preisen hunn doropshin de Café Schmit kuerz a kleng geschloen, well an der Zäit hei Versammlunge vun der Fanfare ofgehale goufen. Eng Partie jonk Männer goufen an de Café geschleeft, se sinn op eng brutal Manéier verhéiert ginn a kruten elle Streech. Am Rapport vun der GESTAPO stounge folgend Nimm: Jemp Schmit, aus dem Café op der Daulerstrooss, a bal de ganze Comité vun der „Fanfare Grosbous“, de Jacques Pletschette, Ugen Pletschette, Néckel Pletschette, Etienne Winandy, Jos Wallenborn, Néckel Wagener, Jos Elsen, Ugen Elsen, Ugen Kemmer an Néckel Schaul.

Comité 1945
President: Ëtchen Winandy
Vizepresident: Mich Heymans
Sekretär: Mett Neises
Tresorier: Jemp Metz
Member: Jos Lieffrig

Nom Krich
Den 23. November 1945 sinn erëm 16 Musikanten zesummekomm, fir nei unzefänken. Den Dirigent Jean Schmit ass och erëm ugetratt, d‘Leit hu gehollef wou se konnten, een Instrument nom aneren ass erëm ugeschaaft ginn, an no engem Joer Presidentschaft vum August Paquet, huet de Jos Elsen de Veräin déi nächst 12 Joer als President geleet.
Den 22. Juli 1951 ass de 6. Fändel ageseent ginn. Deen Dag hunn och d’Pompjeeën en neie Fändel kritt, an se hunn hiren 100. Gebuertsdag mat e bësse Verspéidung gefeiert.

Den 100. Gebuertsdag
Vum 21. bis den 23. Juli 1956 waren dunn d‘Feierlichkeete vum 100. Gebuertsdag. Dës Kéier ass d’Joer 1856 als Gebuertsjoer geholl ginn.
1959 demissionnéiert de President Jos Elsen, de Veräin kënnt eng weider Kéier an Turbulenzen, et triede 5 Leit aus, an et gëtt e provisoresche Comité gewielt, fir d’Musek nei opzestellen. Den Alphonse Assa, Schmadds Fos ass hei eng dreiwend Kraaft. Den 29. November gëtt de Charles Besenius vu Feelen neien Dirigent.

Déi 1. Uniform
1960 gëtt de Willy Ries neie President, an et geet erëm biergop. Et si 36 Leit an der Musek.

Concours
1962 sinn déi Bousser den 31. Mee zu Waasserbëlleg ugetratt. Se sinn an d’Divisioun III B aklasséiert ginn. Bei der Marschübung war déi Bousser Musek déi 13. vu 36.
1965 demissionnéiert de Willy Ries als President, an de Pierre Reuter kritt seng Plaz.

Comité 1956
President: Jos Elsen
Vizepresident: Jemp Lieffrig
Sekretär: Roger Schaul
Tresorier: Alphonse Assa
Memberen: Jos Wallenborn, Mathias Neises, Néckel Pletschette
Dirigent: Alex Schwindt

Den 13. Dirigent
Den 8. November 1966 demissionnéiert den Dirigent Charles Besenius, den 12. November gëtt eng Annonce am Wort publizéiert, an deeselwechten Dag mellt sech de René Kayser. Et ass den 1. Militärmuseker, an den 13. Dirigent, deen déi Bousser Musek leet.
D‘Fuesent 1967 hat d‘Musek hiren éischte Micky-Maus-Bal am Sall Pletschette, an dee Bal sollt an de Joren drop eng fest Plaz am Kalenner kréien. Fuessonndeg si bis zu 1.000 Leit duerch d’Keess gaangen, a Fuesméindeg nach eng Kéier 600.
Den 12. Februar 1967 huet d’Musek den éischte Concert ënnert hirem neien Dirigent René Kayser gespillt.
1967 zielt d’Musek 44 Aktiver mam 1. Meedchen an hire Reien, d’Alice Turmes.
1968 gëtt et erëm e Wiessel un der Spëtzt. De Pierre Schon ersetzt de Pierre Reuter als President.
Den 18. Mee 1969 ass UGDA's-Concours zu Wolz, an déi Bousser schneide gutt of. Se kréien 115 an 114 Punkte vun 120, an domat klammen se an déi 2. Divisioun.

Den neie Musekssall
1970 konnt d‘Musek an deen neie Musikssall am Centre Culturel plënneren
Den 18. Mee 1974 um Concours zu Ettelbréck kritt d’Musek en 1. Präis mat 1.362 Punkten.
De 4. Januar 1975 stierft de President Alphonse Assa, dee besonnesch fir d’Jugend wéi e Papp war, am Alter vu 54 Joer. De Jacques Neises huet déi Charge vum neie President ugeholl.

Konveniat
1976 ass e Konveniat mat de fréiere Musikanten organiséiert ginn. Den 2. Mee hunn eng 100 aler a manner aler sech erëmgesinn, fir zesummen ze feieren, z’iessen, ze drénken an ze musizéieren. Manner erfreelech war d’Demissioun vum Dirigent René Kayser, deen no 10 Joer opgehalen huet.

Wiessel iwwer Wiessel
Den Eduard Graffé iwwerhëlt de Bengel fir déi nächst 2 Joer, awer d’Musek kënnt net méi richteg op d’Been, duerno probéiert de Jos Braun et fir 1 Joer. De Jacques Neises trëtt als President zréck, an am September 1979 gëtt d’Musek provisoresch
opgeléist. Duerno huelen eng Parti Leit Kontakt mam Jemp Schuster op, deen d’Musek zwee Joer virdru verlooss hat, an elo zu Bur op der Sauer als Dirigent engagéiert war. De Jemp hëlt déi Erausfuerderung un, an triet als neien Dirigent zu Bous un.

Comité 1979
President: Lucien Ries
Sekretär: Charel Schuster
Tresorier: Romain Assa
Memberen: Alphonse Lies Jr., Jos Collé, Mariette Schank, Charel Neises a Georges Eyschen

Den 125. Gebuertsdag
1980 sinn d‘Prouwen erëm an de fréiere Veräinsbau verluecht ginn, well deen elo erëm fräi war, an de Musekssall am Centre Culturel ze kleng war. Et ware 45 aktiv Memberen an der Musek, esou vill wéi ni virdrun an ni duerno.
1981 huet d‘Fanfare Groussbus hiren 125. Gebuertsdag gefeiert. (vun 1856 u gerechent).

Méi ewéi eng Brochure
Am Kader vun deene Feierlechkeeten ass 1981 déi 1. Monographie iwwert d’Gemeng Groussbus erauskomm. Et sollt nëmmen eng Brochure fir den 125. Gebuertsdag vun der Musek ginn, an du war déi e bësse méi grouss geroden.
Den 13. Oktober 1981 gëtt den Dirigent Jemp Schuster op. Den 22. Oktober, begrënnt den Dirigent seng Demissioun nach eng Kéier an enger Versammlung, a wéi en duerno geet, ginn déi meescht Musikante mat em.

Et gëtt ëmmer méi schwéier
Da gëtt awer erëm en Opruff gemeet, fir net opzeginn. 1982 iwwerhëlt den Nico Simon d’Presidentschaft, de Raymond Majerus hält
d’Prouwen.
Vun 1985 bis 1988 dirigéiert de Patrick Coljon, 1989 ass de Médard Neises President an de Luc Rodenmacher Dirigent, 1989- 1994 heescht den Dirigent Norbert Koster. 1993 hält de Médard Neises op, an den André Schröder ass fir 1 Joer President, 1994 gëtt e vum Johny Ewertz ofgeléist.
1996-97 ass de Laurent Gindt Dirigent. An der Generalversammlung vum 19. Januar 1997 demissionnéiert de ganze Comité, an de Johny Ewertz ass bereet d’Keess ze versuergen, bis et erëm besser geet.

Zesumme mat Wahl
Am Hierscht 2002 hunn déi Bousser an déi Wahler Musek Kontakt mateneen opgeholl. Déi éischt Versammlung war am Museksall zu Groussbus, an no e puer Ulafschwieregkeeten, hunn déi 2 Veräiner sech fonnt. Am Kader vun 100 Joer Wahler Musek gouf dann och deen éischte gemeinsame Galaconcert am Mee 2010 gespillt an zanterhier spillen déi zwou Museken all grouss Concerten zesummen, ouni awer fusionéiert ze sinn.
2003 hält de Johny Ewertz op, an den Nico Simon, deen du Schäffen an der Gemeng ass, iwwerhëlt de Presidenteposten. No him kënnt den André Pletschette am Joer 2009, an d’Musek erkrabbelt sech erëm.
2010 gëtt aus der Musek eng A.s.b.l.

Den 160. Gebuertsdag
2016 ginn 160 Joer gefeiert, dës Kéier erëm vun 1856 u gerechent.

Comité 2016
President: André Pletschette
Sekretär: Paola Richter-Tomassini
Tresorier: Carole Goelff-Schmit
Memberen: Charel Neises a Romain Pletschette

Dirigenten 1856-2023

Glück 1856-1863
Haun 1863-1876
Pierre Hemes 1876-1880
Jean Mergen fils 1880-1894
Henri François 1894-1898
Jean Mergen fils 1898-1915
Jean-Baptiste François 1916-1925
Léopold Mergen 1925-1939
Jean Schmit 1939-1940
  1945-1946
Edouard Heuschling 1947-1948
Alex Schwindt 1948-1959
Charles Besenius 1959-1966
René Kayser 1966-1976
Edouard Graffé 1976-1978
Jos Braun 1978-1979
Jemp Schuster 1979-1981
Raymond Majerus 1982-1984
Patrick Coljon 1985-1988
Luc Rodenmacher 1988-1989
Norbert Koster 1989-1994
Laurent Gindt 1996-1997
Denis Henneaux 2002-2003
Putti Fischer 2003-2012
Pierre Rongvaux - Noruff 2013-2019
Sophie Pemmers säit 2020

Presidenten 1856-2023

Jean-Claude Hemes 1856-1870
Pierre Hemes 1870-1886
Nicolas Eyschen 1886-1888
Jean Mergen fils 1888-1891
Nicolas Eyschen 1891-1894
Jean Beck 1894-1895
Jacques Neu 1895-1901
Pierre Lieffrig 1902-1903
Jean-Claude Hosch 1903-1911
Jemp Schmit 1911-1912
Jemp Assa 1913-1916
Emile Biver 1916-1917
Alex Pletschette 1918-1920
Alphonse Glaesener 1921-1933
Jos Wallenborn 1934-1935
Etienne Winandy 1935-1938
Alex Pletschette Jr. 1938
Jos Goedert 1938-1940
Etienne Winandy 1945-1946
Auguste Paquet 1946-1947
Jos Elsen 1947-1959
Alphonse Assa 1959
Guillaume Ries 1960-1965
Pierre Reuter 1956-1968
Pierre Schon 1968-1971
Alphonse Assa 1972-1975
Jacques Neises 1975-1979
Lucien Ries 1979-1982
Nico Simon 1982-1989
Médard Neises 1989-1993
André Schröder 1993-1994
Johny Ewertz 1994-2003
Nico Simon 2003-2008
André Pletschette 2009-2023