Interview Memberen Jugendorchester

Gespeichert von Carine am Fr, 09/27/2024 - 15:07

Niewent eisem groussen Orchester hu mir och ee Jugendorchester. Fir Iech dëse méi genee virzestellen hate mir mat verschidde Jonker een Interview gemaach. Hei hir Äntwerten:

  1. Stëll dech an däin Instrument fir:

Ech sinn d'Anne hunn 11 Joer, spille säit 4 Joer Trompett a spille lo 1 Joer am Jugendorchester

Ech sinn d'Zoe hunn 19 Joer, spille säit 13 Joer Querflütt a spillen 9 Joer am Jugendorchester

Ech sinn d'Maisy hunn 12 Joer, spille säit 4 Joer Klarinett a spille säit 3 Joer am Jugendorchester

Ech sinn de Charel hunn 15 Joer, spille säit 4 Joer Perkussioun a spille säit 2 Joer am Jugendorchester

Ech sinn d'Lou hunn 15 Joer, spille säit 8 Joer Klarinett a spille säit 4 Joer am Jugendorchester

Concert Porte Ouverte Réidener Musekschoul 2024

  1. Wéini a wou sinn d'Prouwe vum Jugendorchester a ween sicht d'Stécker raus?

Anne, Zoé, Maisy, Charel, Lou: d'Prouwen si Freides vun 19-20 Auer zu Bëschrued am Musikssall an d'Stécker siche mir zesumme mat der Dirigentin raus.

Gala Concert 2024

  1. Wat gefält dir am Beschten a firwat sollen aner Jonker an de Jugendorchester kommen?

Anne: Am Beschten gefält mir dass een zesumme spille kann a wëll et Spaass mécht mat aneren zesummen ze spillen.

Zoe: Déi gutt Stëmmung an de Prouwen an d'Stecker déi mir spillen. Musik maachen ass ee flotten Hobby an an engem Orchester kann een säin Talent nach bëssi méi weisen an ausliewen.

Maisy: Mir gefält am Beschten zesumme Musik ze maachen an aner Jonker sollen och an de Jugendorchester komme well et Spaass mécht zesumme Musik ze maachen.

Charel: Mir gefällt am Beschten dass ech mäin Spillniveau ka verbesseren an aner Jonker sollen an de Jugendorchester wëll et méi Spaass mecht wann een zu méi Musiker ass.

Lou: Mir gefällt am Beschten d'Stecker déi mir spillen an d'Stëmmung a genee wéi de Charel sot wëll et méi Spaass mecht wann een zu méi Musiker ass.

Gala Concert 2024 - Solo Anne a Maisy

  1. Wéi ee Stéck huet dir bis elo am Beschten gefall a wat war däi schéinsten Erliefnis am Jugendorchester?

Anne: Mir huet am Beschten bis elo d'Stéck Roar gefall a mäi schéinsten Erliefnis hat ech wou ech bei my heart will go on Solo gespillt hunn.

Zoe: am Beschten gefält mir Abba. Engt spezifescht Erliefnis fält mir net direkt a mee mer gefalen am beschten d'Prouwen, well d'Stëmmung ëmmer zimmlech gutt ass. An ech menge fir vill Kanner ass et schéin, dass si op Concerte kenne weise wat si kennen a wat si geléiert hunn.

Maisy: Mir huet am Beschten Hey, Soul Sister gefall a mäi schéinst Erliefnis war wéi ech mäin éischte Concert matgespillt hunn.

Charel: Mir huet am Beschten Taylor Swift 1989 gefall.

Lou: Mit huet bis elo Abba am Beschten gefall an am schéinsten ass d'Unerkennung déi ee kritt.

Halloween Concert 2023

  1. Hues du soss nach eppes ze soen:

Anne: Et ass mega flott am Jugendorchester.

Zoe: Et wär natierlech méi flott wa mer méi zahlreich wären.

Lou: D'Stëmmung an der Prouf ass flott.

Grillfest 2024